Europadeputéierte Christophe Hansen

Reform vun der GAP, Farm-2-fork Strategie, Green Deal

Nei Erausfuerderungen, weltwäit Kris awer manner Suen – wéi sollen eis Baueren dat managen?

 

 

  1. Aféierung

 

Villmools Merci datt Dir mech invitéiert hutt haut mat Eech ze schwätzen.

 

Ech beriichten Eech haut iwwer d’Aarbecht vum Europaparlament an der aktueller Reform vun der gemeinsamer Agrarpolitik.

 

Schonn am am Virfeld vun den Iwwerleeungen am EU Parlament huet d’Reform fir grouss Diskussioune gesuergt.

 

Ëmmerhi geet et ëm e Paradigmewiessel.

 

An Zukunft wäert e weidere grousse Prozentsaz vun den direkte Subsiden un ökologesch Ufuerderunge geknëppt ginn, déi wäit iwwer d’Ufuerderunge vun haut eraus ginn.

 

Déi gréisst Chance vun der neier GAP fir d’Ëmwelt läit an den neien nationale strategesche Pläng, déi d’Memberlänner fir d’éischt ab 2023 (no enger noutwendeger Iwwergangsphase)  selwer ausstelle sollen.

 

Bis elo ass et ëm d’Anhale vun den existente Gesetzer gaangen. An Zukunft mussen d’Memberstaaten an dëse Pläng festleeë wéi se tatsächlech verschidden Ziler, wéi méi Biodiversitéit, ëmsetze wëllen.

Zousätzlech schwieft de Green Deal, wei een Damoklesschwert, iwwer allem.

 

Dëse proposéiert weider Ännerungen am Kader vun der Farm-2-Fork -an der Biodiversitéits Strategie, déi och en Impakt op d’europäesch Agrarpolitik hunn.

 

All dës nei Punkten hunn eng Debatt ausgeléist, déi och zu heftegen Diskussiounen am EU Parlament gefouert huet.

 

Net nëmmen tëscht de politesche Gruppéierungen, mee och innerhalb vun de parlamentaresche Gruppen an tëscht de bedeelegte parlamentaresche Gremien, sinn d’Meenungen iwwer déi zukünfteg Landwirtschaftspolitik diametresch ausernee gaangen.

 

Dëst ass haaptsächlech zeréckzeféieren op Diskrepanz tëscht neien Erausfuerderunge fir d’Baueren an de limitéierte finanzielle Ressource fir hir Aarbecht.

 

Vun den europäesch Bauere gëtt ëmmer méi erwaart, mee d’EU kann a wëll net méi Suen zur Verfügung stellen.

 

Dobäi huet eis awer grad d’Coronakris gewisen, wéi wichteg eis Bauere fir eis Versuergungssécherheet sinn.

Wa mir net sou ofhängeg vun Importer fir Liewensmëttel wëlle gi wéi vu Medikamenter, musse mir en anstännegt Akommes fir d’Bauere sécheren.

 

  1. II. Erausfuerderunge fir déi europäesch Landwirtschaft

 

Et ass natierlech richteg datt déi europäesch Landwirtschaft un déi nei Erausfuerderungen an der EU an an der Welt ugepasst muss ginn.

 

Et gouf a gi vill Erausfuerderunge fir eis Baueren:

  • Déi ëstlech Expansioun,
  • Erhéijung vum benotzbare landwirtschaftleche Raum ëm d’Halschent
  • Verdueblung vun der Beschäftegung an der Landwirtschaft

 

  • Präisschwankungen opgrond vun emmer méi internationaler Integratioun
  • Mir hunn eng Flicht bezuelbar Liewensmëttelsécherheet fir 500 Milliounen Europäer ze garantéieren
  • Zur selwechter Zäit musse mir d’Bauere viru plëtzleche Verkafsschwieregkeete schützen (Bsp. Mëllechkris, Sanktioune géint Russland)

 

  • De Wuesstem vun der Bevëlkerung an d’Konkurrenz tëscht Notz- an Energiepflanze bréngen déi weltwäit Versuergungssécherheet a Gefor.

 

  • Ëmmer méi Fuerderungen
  • Prozess- a Produktstandarden: z.B. Liewensmëttelsécherheet
  • De Link mat Ëmweltschutz, Aarten an Déiereschutz

 

  • D’Erhale vun enger innovativer Landwirtschaft zur Produktionerhéijung
  • B. duerch Digitaliséierung

 

  • Ëmmer méi Nofro no Bioproduiten
  • Produktioun säit 2009 em 70 % opgestigen
  • Mëttlerweil ginn op ronn 7% vum Akerland vun der EU Bioproduite produzéiert (Ee Groussdeel aus Spuenien, Italien, Frankräich an Däitschland)
  • Mee: Fir déi selwecht Quantitéit un Akerfriichten ze produzéieren, brauch d’Biolandwirtschaft sechs bis siwe Mol méi Platz wei déi konventionell Landwirtschaft

 

II.1. D’ Stierwe vun Häff 

 

Ech mengen, eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir déi europäesch Agrarpolitik ass, d’sozial Akzeptanz vun der Wichtegkeet vun der GAP.

 

D’ GAP huet als Zil, déi europäesch Versuergungssécherheet ze garantéieren.

 

Wa mir d’Beschäftegungspotential an d’Akommes net garantéiere kënnen, wäerte mir ëmmer méi Bauere verléieren.

 

Déi gemeinsam Agrarpolitik ass d’Häerzstéck vun der europäescher Gemeinschaftspolitik a mat knapp 40 Prozent vum EU-Budget de gréissten Haushaltsposte vun der EU.

 

  • 55 Milliarden Euro / Joer = 2 Euro an der Woch fir jidder Bierger

 

Trotzdeem huet se am Joer 2015 nëmmen 1,9% vun der gesamter Brutto Plus-Value an der EU ausgemaach.

 

  • Zu Lëtzebuerg waren et just nach 0,3%
  • An dat obwuel 53% vun der Fläch zu Lëtzebuerg landwirtschaftlech bewirtschaft ginn

 

Wann de Méiwäert ofhëlt, kann ee sech virstellen datt dëst och d’Akommes vun de Bauere betrëfft.

 

Landwirtschaftlech Akommes leien, an anere Secteuren, wäit ënnert der EU-Moyenne.

  • Zu Lëtzebuerg ass den Akommesënnerscheed méi grouss wéi an anere Länner

 

D’Aufgab vun der Agrarpolitik muss et sinn, de Beruff vum Landwirt sou attraktiv wei méiglech ze gestalten.

 

Dat ass der EU an de leschte Joren net gelongen.

 

Tëscht 2005 an 2016 hunn bal 30 Prozent vun all de Betriber an der EU opginn, déi meescht dovu Klengbaueren.

 

  • Och zu Lëtzebuerg ass d’Zuel u landwirtschaftleche Betriber däitlech zeréckgaangen

 

  • 2016 zielt Lëtzebuerg just nach knapp 1 800 landwirtschaftlech Betriber, also ronn 1/5 am verglach zu viru 50 Joer

 

II.2. Finanziell Erausfuerderungen duerch de Brexit

 

De Brexit trëfft déi europäesch Baueren op 2 Niveauen immens haart

Engersäits geet ee vun de gréissten Donateure fir den EU-Budget verluer an domat och fir de landwirtschaftleche Budget.

 

Sou zielt d’Vereenegt Kinnekräich trotz dem „Britten-Rabatt“ zu den Nettoezueler. D’Bezuelungen hunn d’Remboursementer ëm 7 Milliarden Euro iwwerschratt.

 

Am Agrarbudget géifen deemno nom Brexit, bei proportionale Kierzungen, an allen Budgete méi wéi 3 Milliarden Euro feelen.

 

Wat de Budget betrëfft, sou konnte mir Kierzunge verhënneren.

 

Duerch d’Coronapandemie ass wuel jidderengem bewosst ginn, dass mir eis Versuergungssécherheet nëmme garantéiere kënnen, wann mir de Baueren och weiderhi genuch Akommes sécheren.

 

An de Budgetsverhandlunge konnte mir duerchsetzen, dass den Agrarbudget trotz Brexit nominell stabil zum viregte Multiannual Financial Framework bleift.

 

De Brexit huet awer och hefteg Auswierkungen op d’Verkafsmäert vun europäesche Baueren.

 

Obwuel den Agrarliewensmëttelhandel nëmme ronn 11% vum Handelsvolumen tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich ausmëscht, ass en fir bestëmmt Memberstaaten vu Bedeitung, fir déi d’Vereenegt Kinnekräich dat éischt Agrarexportzil ass, wei zum Beispill Irland.

 

Den Handelsbilan vun der EU fir Agrarliewensmëttel mat Groussbritannien ass gréisstendeels positiv.

Net manner wei 73% vun de britteschen Agrarliewensmëttelimporter stamen aus der EU.

 

Dëst ass och fir Lëtzebuerg vu grousser Bedeitung.

 

Groussbritannien importéiert ëmmer nach 35% Jughurt, 40% Botter a 67% vum gesamte konsuméierte Kéis.

2000 ass d’lëtzebuergesch Molkereisgenosseschaft der Arla bäigetrueden, engem vun de gréisste Mëllechproduzenten an der EU.

Wa mir et net packen, ee sënnvollt Handelsofkommes ze verhandelen, gëllen Taxen a Quoten. Mëllechproduite wäerten, fir vill brittesch Bierger, dann net méi bezuelbar sinn. Dëst féiert schlussendlech zu engem staarke Réckgang vun der Mëllechnofroo bei lëtzebuergesche Baueren.

 

Als zoustännege Rapporteur am Handelsausschoss an am Ëmweltausschoss , verhandelen ech d’Ofkomme mat an ech kann Eech soen – et ass 5 fir 12!

 

II.3. Klimawandel

 

Déi wuel gréisst Erausfuerderung, duerch déi, déi nei Agrarreform iwwerhaapt an d’Rulle komm ass, ass de Klimawandel.

 

D’ EU huet sech mam Green Deal immens ambitionéiert Ziler gesat fir den Ausstouss vun CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

 

Dës Ziler sinn awer just realiséierbar, wann d’Landwirtschaft vill méi dozou bäidréit wei dat bis elo de Fall war.

 

D’Landwirtschaft ass fir 10-12% vun de weltwäiten Zäregasemissioune responsabel.

 

Sie ass déi gréisste Quell vun Zäregasemissiounen, déi keng CO2-Emissioune sinn (Methangas aus Dünger-Ausscheedungen).

 

Zäitgläich ass d’Landwirtschaft awer och am meeschte vum Klimawandel betraff.

 

Well d’Äerderwiermung beaflosst d’Recolten, besonnesch a Länner aus deene mir Fuddermëttel importéieren, mee och an EU-Länner (Bsp. Dréchenten-Summer 2018). De Klimawandel beaflosst awer och d’Biodiversitéit an déi néideg Waasserquellen.

 

D’Landwirtschaft kann ee wichtege Bäitrag zur Andämmung vun der weiderer Äerderwiermung leeschten, well se als Kuelestoffreducteur fungéiert.

 

D’Biedem späichere méi Kuelestoff wei d’Atmosphär an d’Vegetatioun zesummen.

Bëscher a landwirtschaftlech genotzte Fläche bedecken zur Zäit méi wei dräivéierel vun der EU, späicheren Tonnen un CO2 (bal 10% vun de järlechen Zäregasemissiounen an der EU) a sinn domadder gutt Klimaschützer.

 

III. Reformvirschléi vun der EU-Kommissioun a Kritikpunkten

 

III.1. GAP-Reform

 

D’EU-Kommissioun schléit mat der neier Agrarreform soss näischt fir, wei ee Paradigmewiessel.

 

Dëst huet bei ville Stakeholder an och am Europaparlament zu Kritik gefouert.

 

  1. Kritikpunkt

 

Am Mëttelpunkt vun der Kritik un de Kommissiouns-Virschléi steet de System vun de Strategiepläng.

 

Aktuell seet d’EU-Kommissioun engem Memberstaat: „Dëst sinn d’Reegele vun der GAP, went se un an ech iwwerpréiwen är Ëmsetzung.

 

Dee neie Paradigma vun der EU-Kommissioun seet:

“Entwerft dir är eege Reegelen zur GAP, decidéiert dir, wei der d’Suen wëllt ausginn a mir (d’EU-Kommissioun) decidéieren dann ob dir richteg gehandelt hutt oder net.“

 

D’Iwwerdroe vun der Verantwortung vun de Strategiepläng ob d’Memberstaaten klengt op den éischte Bléck gutt.

 

Schliisslech fuerdere mir ëmmer méi Subsidiaritéit.

 

Mee, déi domat verbonne Kontroll- a Berichtsverflichtungen, verlageren d’Bürokratie bei d’Memberstaaten.

 

Fir ee klengt Land wei Lëtzebuerg, stellt den domat verbonnene bürokrateschen Opwand eng enorm Erausfuerderung duer.

 

  1. Kritikpunkt

 

….ass d’Iwwerdroung vun der Responsabilitéit fir d’Ëmweltmoossnamen op d’Memberstaaten.

 

Sie sollen an Zukunft decidéieren, wei eng Ëmweltmoossnamen, aus der Lëscht vun der Kommissioun, se wëllen ëmsetzen.

 

Wann an Zukunft, d’Memberstaaten fir d’Ëmsetzung vun den Ëmweltmoossnamen zoustänneg sinn, bleift an der Agrarpolitik net méi vill Gemeinsames.

 

Dobäi waren et grad dës Gemeinsamkeeten déi d’Agrarpolitik, déi joerzéngtelaang eng onverzichtbare Klammer vum Europäeschen Eenegungsprozess duergestallt hunn.

 

Doduerch dreeë Konkurrenzverzerrungen.

 

Mir wëssen alleguer, dass verschidden EU-Länner méi grouss Ambitiounen hunn wat d’Ëmsetze vun EU-Politicken ugeet wei anerer.

 

  1. Kritikpunkt

 

Ee weidere Kritikpunkt un de Kommissiounsvirschléi betrëfft d’Ausgestaltung vun de geplangten Ëmweltmoossnamen.

 

Scho bei der leschter Reform hunn d’Proposen zum sougenannte „Greening“ fir vill Kritik gesuergt.

 

Elo schléit d’EU-Kommissioun vir, d’Ëmweltbasis an der éischter Sail

bedeitend z’erhéijen.

 

Mir halen dat fir déi falsch Richtung.

 

Klimaschutzmoossnamen si laangfristeg Moossnamen déi am Kader vun de Programme fir déi ländlech Entwécklung an der 2. Sail gefërdert solle ginn.

 

Déi méi staark Kopplung vun direkte Subsiden un Ëmwelt- an Déiereschutzstandarde kreéieren doriwwer eraus nach méi Bürokratie fir d’Baueren, déi vun direkte Subsiden als Ofkommesgrondlag ofhängeg sinn.

 

 

 

 

Fazit

 

Insgesamt proposéiert d’Kommissioun eng ëmmer méi Mëschung tëscht der 1. an 2. Sail.

 

De System vun den direkte Subsiden op der enger Säit (1. Sail) an de  laangfristege Programme fir d’landwirtschaftlech Entwécklung op der anerer Säit (2. Sail) huet sech awer laangfristeg etabléiert a bewisen.

 

III.2 Farm-2-Fork -an der Biodiversitéits Strategie

 

Leider koumen d’Green Deal Propositiounen eréischt eng Zäitchen no den Agrarreformspropositiounen.

 

Dobäi kann een dovun ausgoen, datt e puer Schlësselelementer vum Green Deal een Impakt op d’Agrarpolitik hunn.

 

Am Fokus vun der F2F Strategie steet, zum Beispill, d’Benotzung vu Pestiziden ëm 50% ze reduzéieren an d’Biolandwirtschaft bis 2030 op 25% ze erhéijen.

 

D’Biodiversitéitsstrategie huet änlech Ziler. Enner anerem gesäit se vir, datt an Zukunft 30% vun de landwirtschaftleche Flächen an der EU duerch Bëschbedeckung an Naturschutzgebidder solle geschützt ginn.

 

De Schutz vu Bestëbserinsekten ass och e Schlësselelement, well se d’Diversitéit vun eiser Flora schützen.

 

Well d’Propositioune bis elo awer just Deel vun enger Strategie waren, ass et schwéier konkret Reduktiounsziler an der Aarbecht un der aktueller Agrarpolitik festzemaachen, och wa vill Elementer schonn elo duerch déi fest Indicateuren an der GAP definéiert sinn.

 

  1. Aarbecht vum Europaparlament

 

D’Europaparlament war komplett onzefridde mat de Virschléi vun der Kommissioun.

 

Dat wéisst sech un der héijer Unzuel un Amendementer. Elleng zu de Virschléi zu de Strategiepläng goufen iwwer 5000 Amendementer deposéiert.

Och ech hunn 61 Amendementer agereecht.

 

Duerch d’Walen huet eleng d’Europaparlament 2 Joer un de Virschléi geschafft.

 

En Vue vun der ëmmer méi grousser Bedeitung vun de Propose vun der Kommissioun fir d’EU Klimapolitik, ass et richteg datt den Ëmweltausschoss  Amendementer op gläichem Fouss mam Agrarausschoss deposéiere konnt.

 

D’Ëmweltkommissioun huet natierlech en anere Fokus wéi d’Landwirtschaft.

 

No de Walen am Mee 2019 sinn ech, zum Rapporteur vun der Ëmweltkommissioun fir Verhandlunge mam Parlament, an duerno mam Ministerrot, ernannt ginn.

 

Den Agrarausschoss, gëtt zwar d’Richtung fir, mee ob ville Punkten hunn mir awer Matsproocherecht.

 

Säit bal 13 Joer schaffen ech elo a verschiddene Funktiounen an den EU-Institutiounen, de gréissten deel dovun am Europaparlament.

 

Mee ee Streit, wei deen iwwert d’Aarbecht un der neier Agrarreform, hunn ech an där Zäit nach net erlieft.

 

Net nëmmen tëscht de politesche Gruppen, mee och innerhalb vun de parlamentaresche Fraktiounen an tëscht de bedeelegte parlamentaresche Kommissiounen, sinn d’Meenungen iwwer déi zukünfteg Landwirtschaftspolitik diametresch ausernee gaangen.

 

De Spagat tëscht dem Beitrag vun der Landwirtschaft zum Klimaschutz op der enger Säit, an déi genausou wichteg Sécherstellung vum Akommes vun de Baueren op der anerer Säit, huet och d’Europaparlament u seng Grenze bruecht.

 

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht hunn zwee EU-Comitéen, Rapporteuren a Schatterapporteuren, mat der Participatioun vun alle Bedeelegten, ënnert deenen nämmlechte Konditioune verhandelt.

 

Dëst Verhandlungsformat gouf awer no e puer Méint vun de lénke Kräften am Europaparlament opgekënnegt.

 

Si hätte léiwer gesinn, datt d’EU Kommissioun d’Propositioun fir d’Reform komplett zréckzitt, an een nach méi strenge Virschlag presentéiert, deen déi konkret Ziler vun der Farm-to-Fork an der Biodiversitéit Strategie definéiere soll (z. B. 50% Reduktioun vu Pestiziden) an d’ Landwirtschaftsreform.

 

Meng Fraktioun ass der Meenung, datt dës Ziler als éischt an engem gesetzleche Prozess sollten definéiert ginn, ier se an der gemeinsamer Agrarpolitik benotzt ginn.

 

Schlussendlech brauche mir hei och Impaktstudien.

 

Fir d’Baueren awer net nach weider Joren am Däischteren ze loossen, an eng Politik vun Iwwergangsdekret zu Iwwergangsdekret ze vermeiden, huet meng Fraktioun schlussendlech, mat de Sozialdemokraten an dem liberale RENEW Grupp ee Kompromëss fir d’Ofstëmmung an der Plenière ausgehandelt.

 

D’Tatsaach, datt et virum Vott genee déi lénk parlamentaresch Gruppe waren, déi eis beschëllegt hunn ondemokratesch Hannerzëmmerpolitik ze maachen, obwuel Si et waren, déi de Verhandlungsdësch verlooss hunn, kann amfong net méi u Spott iwwerbuede ginn.

 

IV.1 Ofstëmmungsresultat: Gläichgewiicht tëscht Wirtschaft an Ökologie

Schlussendlech konnte mir eis op e Kompromësspak eenegen, deen déi breet Feature vun der grénger Architektur vun der Agrarpolitik definéiert a fir e Gläichgewiicht tëscht Wirtschaft an Ökologie suergt:

 

Engersäits stelle mir fest, datt d’Basisprimm u Subsiden – d.h. de Baueren hiert deeglecht Brout – erhale bleift. Op d’mannst 60% vun der éischter Sail musse fir d’Basisprimm, gekoppelt Bezuelungen (10 + 2%), aner Secteuren (3%) an d’Ëmverdeelungsprimm (6%) benotzt ginn.

Déi Gréng an d’Sozialisten dogéint hätten d’Basisprime am léifste komplett ofgeschaaft.

 

Zäitgläich wäerten an Zukunft méi Sue fir Ëmweltmoossnamen zur Verfügung gestallt ginn.

 

Och schonns elo kréien d’Baueren de ganze Betrag u Bezuelungen nëmmen, wann se Moossnamen ëmsetze fir d’Ëmwelt ze verbesseren, sou wéi dauerhaft Grasland z’erhalen (wéi Wisen a Weiden). Mir hunn déi obligatoresch Ëmweltmoossnamen ausgebaut sou datt, zum Beispill, beim Benotze vu Pestiziden, ee Mindestofstand vun 3 Meter zu Gewässer respektéiert gi muss.

 

An Zukunft wäert e weidere grousse Prozentsaz vun den direkte Subsiden (30%) un ökologesch Ufuerderunge geknëppt ginn. Mat den neien Ëmweltmoossnamen (Ecoschemes) kreéiere mir en neien an innovativen Ureizsystem.

 

D’Mesure sinn zwar fräiwëlleg, awer vu datt d’Baueren zousätzlech Subside kréien, sinn ech iwwerzeegt datt se dës Ëmweltmoossnamen aus fräie Stécker ëmsetze wäerten.

 

Well d’Effekter vu villen Ëmweltmoossnamen éischter eng laangfristeg Wierkung hunn, solle 35 Prozent vun de Fonge fir d’Entwécklung vum ländleche Raum och fir laangfristeg Ëmweltmoossnamen ënner der 2. Sail benotzt ginn.

 

An Zukunft sollen dës Suen nach méi spezifesch fir Programmer reservéiert ginn, déi zum Beispill d’Kultivatioun vu Zwëschefriichte fërderen.

 

Mat dem neie Konzept vun den nationale Strategiepläng kreéiere mir och méi Flexibilitéit fir d’Memberstaaten an d’Baueren. Ofhängeg vun de spezifesche lokale klimateschen Erausfuerderungen, wäerten d’Memberstaaten an Zukunft hir eege strategesch Pläng definéiere fir d’Ëmweltziler z’erreechen. Si kënne wielen aus engem Menü vun Ëmweltmoossnamen, déi vun der Kommissioun etabléiert goufen.

 

Regioune mat héijer Erosioun oder Dréchent brauchen aner Léisungen an Ëmweltmoossname wéi Regioune mat ville Séien a Flëss.

 

Am Allgemengen ënnerstëtzt meng Fraktioun eng Deckelung vun den direkte Subside fir grouss a räich Firmen.

D’accordéiert Deckelung gëllt vun 100.000 Euro un (op Ufro vun de Memberstaaten hin schonn ab 60.000 Euro – de Kommissiounsvirschlag ass géint d’EVP Linn) – Allerdéngs kënne Bezuelunge fir d’Ecoschemes, Jongbaueren a 50% vun den Aarbechtskäschte kompenséiert ginn.

 

Ee Groussdeel vun de Lëtzebuerger Bauerebetriber si Familljebetriber, wouvun sech der vill a Genossenschaften organiséieren.

Op Ureegung vu menger Fraktioun hin, gouf dowéinst ugeholl, datt e Memberstaat op d’Deckelung ka verzichten, wann eng Ëmverdeelungsprimm (déi éischt Hektar profitéiere vu méi héijen direkte Subside vun op d’mannst 12% (bis dato 10%) applizéiert gëtt.

Landwirtschaftlech Betriber, zum Beispill mat enger Gréisst vu 50 Hektar, kënnen, ganz ouni gréisser Bürokratie, en Ëmverdeelungsprimm kréien. D’Deckelung gëtt och nëmmen op déi eenzel Membere vun enger Genossenschaften applizéiert. Eng Genossenschaft mat 3 Memberen hätt deemno eréischt bei 300.000 Euro eng Deckelungslimitt, dann hätte se quasi 3 x 100.000 Euro.

 

Duerch d’Aféiere vun enger Definitioun vum “aktive Bauer”, vu menger Fraktioun, probéiere mir de Mëssbrauch vun EU Fongen ze stoppen.

Sou soll verhënnert ginn, datt Investitiounsfongen, grouss Firmen, Fluchhäfen  oder Staatsmänner (Bsp. d’Tschechesch Republik), grouss Lännereien opkafen, just fir vun den direkte Subside kënnen ze profitéieren – also europäesche Steiergelder.

Mir hunn och en Amendement ugeholl, fir eng iewescht Limitt fir déi éischt an déi zweet Sail pro Eenzel pro Joer fest leeën. Dëst ass fir ze verhënneren, datt verschidde Leit déi iewescht Limitt kënnen ëmgoen andeems se vill Firme mat ontransparenten Eegentumsstrukture besetzen oder aggressiv Investissementer maachen. D’Ännerung definéiert ausdrécklech déi iewescht Limitt fir natierlech Persounen. Dëst bedeit datt Genossenschaften heivunner net betraff sinn!

 

Als Jong a Brudder vun engem jonke Bauer, war eng Prioritéit vu mengen Amendementer, d’Ënnerstëtzung vu jonke Baueren. Den Duerchschnëttsalter vun den europäesche Baueren ass de Moment bei 60 Joer. Zäitgläich ass d’Joresakommes vu Lëtzebuerger Baueren, mat 12.000 Euro am Joer, an der EU am wäitsten ewech vum duerchschnëttleche Bruttoakommes par Rapport zu hire Matbierger.

Wa mir de Beruff vum Bauer och attraktiv fir jonk Leit maache wëllen, musse mir se gezielt ënnerstëtzen. Mir konnten erreechen, datt déi geplangten direkt Subside fir d’Ënnerstëtzung vu jonke Baueren (bis zu 40 Joer) vun 2% op 4% eropgaange sinn.

Jonk Baueren (bis zu 40 Joer), déi sech ganz frësch als Bauerenhaffmanager ageriicht hunn, kréien zousätzlech Ënnerstëtzung fir eng Period vu 7 Joer (amplaz 5 Joer). D’Ënnerstëtzung ënner dem Rural Development Chapter (EAFRD) ass vun EUR 70.000 op EUR 100.000 eropgaangen.

 

Eng Analys vum Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère weist, datt besonnesch déi geschäftlech Orientéierung um Wäin komplett positiv ass wat d’Rentabilitéit ugeet.

Och wann de Wäibausecteur ënner groussen Drock geroden ass.

Engersäits maachen déi nei Zollreglementer an den USA eise Wäinexport méi schwéier.

Anerersäits, ass de Verkaf bannent der EU schwéier getraff ginn duerch d’widderhuelend Zoumaache vu Restauranten am Kader vun der Lutte géint de Coronavirus.

Et ass dofir wichteg de Wäibausecteur speziell z’ënnerstëtzen. Hei konnte mir Amendementer vun deene Grénge verhënneren, déi e Verbuet fir d’Bewerbung vun europäeschem Wäin am Ausland virgesinn haten.

 

D’Farm-2-Fork -an d’Biodiversitéit Strategie am ugehollene Kompromëssstext:

 

Wéi ech scho gesot hunn, war et net méi méiglech an och net gewollt, d’Ziler vun deenen zwou Strategien an der aktueller Agrarreform ze verankeren.

 

Bis well handelt et sech em, vun der EU Kommissioun formuléiert Ziler, déi weder vun enger Impaktstudie kontrolléiert goufen, nach duerch eng legislative Matentscheedungsprocedur gepréift goufen.

 

Besonnesch déi Gréng hätten d’Agrarreform dowéinst gär op Eis geluecht d’Kommissioun opgeruff eng nei Propose virzeleeën.

 

Entspriechend Amendementer goufen dunn och am Plenum deposéiert, konnten awer ofgeleent ginn.

 

Zu dësem Zäitpunkt wëll ech awer och betounen, datt et net esou ass, datt d’Ziler an den aktuelle Reformpropositioune guer net berécksiichtegt ginn.

 

  • Mir sinn derfir, datt insgesamt op d’mannst 40% vum GAP Budget zu de Klimaziler bäidroen(Green Deal Zil)
  • D’Mesure fir d’Ëmwelt sinndäitlech erhéicht ginn
  • 30% fir d’Ecoschemes (wéi vum ENVI gefrot, de Rot wëll nëmmen 20%)
  • 35% fir laangfristeg Ëmweltmoossnamen (Kompromëss – AGRI wollt 30, ENVI 40%)

 

  • D’Stäerkung vun der Conditionalitéit fir Ëmweltmoossnamen déi obligatoresch si fir iwwerhaapt direkt Subsiden ze kréien (hunn zousätzlech Critèren am Appendix III agefouert)

 

  • Schutz vu permanentem Grasland
  • Méi héije Prozentsaz vun Agrarland ass net-produktiven Eegenschafte gewidmet
  • Festleeë vun engem Pufferstreife vun 3m an deem keng Pestiziden däerfe benotzt ginn

 

  • Mir hunn an de Recitalefestgeluecht, datt d’Ziler vun der F2F -a Biodiversitéitsstrategie, wéi och de Green Deal, mussen  an de strategesche Pläng vun de Memberstaaten berécksiichtegt ginn.
  • D’Ziler (wann och ouni spezifesch Reduktiounsziler) sinn awer schonn an der Annex I zu den Indicateure
  • Reduktioun vum Asaz vu Pestizid
  • Reduktioun vum Véibestand pro Stonn
  • Undeel um Land deen zum Waasserschutz bäidréit
  • Undeel u kultivéierte landwirtschaftleche Fläche fir d’biologesch Diversitéit z’erhalen oder ze restauréieren

 

 

IV.2. Fazit: E minimale Kompromëss mat engem schwaache Verhandlungsmandat

 

Obwuel mir de Kompromësspak iwwer déi gréng Architektur zesumme mat de Sozialdemokraten an deene Gréngen ausgehandelt hunn an d’Kompromësser mat grousser Majoritéit ugeholl goufen, hunn d’Lëtzebuerger Sozialdemokraten an och déi Gréng, schlussendlech géint d’Parlamentspositioun gestëmmt. Insgesamt huet gutt een Drëttel vun den Europadeputéierten am Parlament géint de Kompromëss gestëmmt.

 

Déi relativ schwaach Ënnerstëtzung fir de Kompromësspak huet d’final Adoptioun vun der Parlamentspositioun zwar net geännert, schwächt awer eist Mandat an de Verhandlunge mam Conseil.

 

  1. Verhandlunge mam Ministerrot

 

De Conseil huet seng Positioun zur nämmlechter Zäit wéi d’Parlament ugeholl, a mir hu scho mat de Verhandlunge mam Conseil an der Kommissioun ugefaangen.

 

Mir hoffen datt mir d’Verhandlunge bis Ouschteren ofschléisse kënnen.

 

Bis Chrëschtdag si 4 Trilogue-Verhandlunge geplangt, dovu waren der schonn 2.

 

Insgesamt sollen 10 Trilogue stattfannen – ambitiéis wann Ee bedenkt datt 44 Verhandlungsdatume fir déi lescht Agrarreform néideg waren.

 

Et ass dréngend, d’Iwwergangsreegelung gëlle just fir déi nächst 2 Joer a mir kënnen eis Baueren net fir ëmmer an der Däischtert iwwer d’zukünfteg Reegelunge loossen.

Schliisslech, hunn zukünfteg Reegelen en Impakt op wichteg Entscheedungen an Investitiounen.

 

Deelweis vertrëtt de Conseil eng aner Approche wéi d’Kommissioun an d’Europaparlament:

De Conseil wëll d’Deckelung als fräiwëllegt Element erabréngen a proposéiert och keng eenheetlech, obligatoresch Definitioun vum “aktive Bauer”.

Fir d’Ecoschemes proposéiert de Conseil e Budgetsundeel vun nëmmen 20%, dee kann op 75% reduzéiert ginn, wann d’Memberstaaten méi Engagement an der 2.Sail weisen.

 

An enger Zwee-Jores Léierphas (2023, 2024) kann den net benotzte Budget an d’Basisprimm fléissen.

Net d’Kommissioun, mee  d’Memberstaate stellen en eegene Register vun Ëmweltmoossnamen op.

 

 

  1. Fazit

 

E Verglach mat der Positioun vum Conseil weist, datt och déi interinstitutionell Verhandlungen net einfach ginn.

 

Awer eng Saach ass sécher: wa mir wëllen datt d’Landwirtschaft an Zukunft méi e grousse Bäitrag zum Klimaschutz leescht, musse mir mat de Baueren handelen an net géint Si.

 

Mir konnte schonn duerchsetzen, datt de landwirtschaftleche Budget nominal stabil bleift am Verglach zum fréiere méijärege finanzielle Kader, an dat trotz dem Brexit.

 

Elo musse mir dofir suergen, datt dës Suen och bei de Baueren ukommen an datt déi zousätzlech Ufuerderunge fir Ëmweltmoossname cibléiert a realiséierbar bleiwen.

 

De Virworf, datt d’Klimaziler an d’Ziler aus der Farm-2-Fork, souwéi aus der Biodiversitéit Strategie net adequat berécksiichtegt goufen, kann ech net ënnerstëtze.

 

Wéi ech erkläert hunn, sinn se schonn an de Reformpropositiounen enthalen a kënne méi genau an den nationale Strategiepläng ausgeschafft ginn

 

Schlussendlech ass et an eisem gemeinsamen Interesse de Klimawandel ze stoppen. Schliisslech leiden eis Bauere ganz besonnesch ënner schlechtem Wieder an Dréchentperioden.

 

Déi gemeinsam Agrarpolitik ass onverzichtbar fir eis Versuergungssécherheet, déi erëm zu der sozialer a politescher Stabilitéit bäidréit.

 

Dës Angscht soll eis nach haut féiere wa mir net laangfristeg vu Länner wéi China wëllen ofhängeg sinn.

 

D’Viraussetzung ass awer, datt mir och weiderhin een adequat Akommes fir Bauere bidden an datt mir Si net mat bürokrateschem Opwand iwwerfuerderen.

 

Grad de Fait, datt d’Baueren, duerch de wuessende Bürokratieopwand, ëmmer méi zu Schreifdëschtäter gi sinn, verhënnert datt jonk Leit de Beruff vum Bauer wielen an doduerch verhënneren, datt Häff stierwen.

 

D’Flexibilitéit, déi duerch déi nei Agrarreform gewonne gëtt, kann an dësem Sënn nëmme Friichten droen, wann se net vun exzessiver Bürokratie begleet ass.

 

Dëst ass virun allem d’Aufgab vum Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère, deen an Zukunft d’Reegele fir strategesch Pläng an Ëmweltmoossname vill méi staark virgëtt wei virdrun.

 

Ech si frou datt den zoustännege Minister haut hei ass an datt hien eis hoffentlech en Abléck an d’Lëtzebuerger Pläng ka ginn.

Ech soe Merci.