Pressecommuniqué vum Europadeputéierte Christophe Hansen iwwert Ukënnegung vun der EU Kommissioun iwwert d’Ophiewe vun de Grenzkontrollen am Schengen-Raum

Ech begréissen, dat d’EU Kommissioun sech endlech dozou äussert wéi mer Beweegungsfräiheet am Schengen Raum erëm hierstellen kënnen, esou wéi ech dat mat ville Kolleegen am Europaparlament gefuerdert hunn. Allerdéngs hunn ech bis zu dësem Moment nach ëmmer keng wëssenschaftlech Begrënnung héieren, ob a firwat Grenzschléissungen am Schengen Raum zur Bekämpfung vun der Pandemie sënnvoll sinn. De Virus zirkuléiert an allen Memberstaaten a…