D’Europaparlament huet elo grad dréi wichteg Decisiounen an der Plenière zu Stroossbuerg ugeholl: 
 
  • Mat 543 Stëmme géint 39 Stëmme an 69 Abstentiounen gouf Resolutioun iwwert déi zukünfteg Relatiounen tëschent der EU an dem Vereenegte Kinnekräich ugeholl – e staarkt Zeeche vun Unitéit
 
  • Mat 401 Stëmme géint 192 Stëmme an 40 Abstentiounen gouf dat neit Handelsofkommes mam Vietnam ugeholl,
  • Mat 407 Stëmme géint 188 Stëmme an 53 Abstentiounen gouf Ofkommes iwwert Investment Protektioun mat Vietnam ugeholl
 
——————————————————–
 
RESOLUTIOUN IWWERT DÉI ZUKÜNFTEG RELATIOUNEN TËSCHENT DER EU AN DEM VEREENEGTE KINNEKRÄICH
 
Hei fannt dir eng Auswiel vun Zitater vum Europadeputéierte Christophe Hansen zu dëser Resolutioun: 
 
Wat mir als Europäesch Unioun haut fir dat Fräihandelsofkommes ubidden, ass beispillslos: Keng Tariffer a keng Quoten! Wat mir dofir fuerderen, ass e Level-Playing Field – würdeg der Premier-League, also Wettbewerbsgläichheet, fir Wirtschafts-, Ëmwelt- a Sozialdumping ze verhënneren.
 
Als Uspriechpartner vum Europäeschen Parlament fir den handelspoliteschen Deel vun der zukünfteger Relatioun mat Groussbritannien, wäert ech fir déi genau a seriéis Iwwerwaachung vun den Verhandlungen zoustänneg sënn.
 
Weider Informatiounen an Aussoen, souwéi de Video zu der Ried fannt dir op Facebook an Twitter: 
 
 
 
—————————————————————
 
HANDELSOFKOMMES  AN D’OFKOMMES IWWERT INVESTMENT PROTEKTIOUN MAM VIETNAM
 
 
Hei fannt dir eng Auswiel vun Zitater vum Europadeputéierte Christophe Hansen zu dësem Vott: 
 
D’Ratifizéierung vum Fräihandelsofkommes mam Vietnam bedeit NET, dat mir der vietnamesescher Regierung ee Blankoscheck ausstellen oder eis Aen virun der Situatioun vun de Mënscherechter am Vietnam verschléissen.
 
Am Géigendeel, et bedeit um Fortschrëtt dee virun der Ratifikatioun vun dësem Ofkommes erreecht gouf weider opzebauen, dee weider ze iwwerwaachen a weider ëmzesetzen. 
 
Duerch dat Ofkommes hu mir ee reellen Afloss a nei, glafwierdeg Plattforme fir de sozio-ekonomesche Fortschrëtt an d’Verbesserung vun der Situatioun vu de Mënscherechter am Vietnam kënnen ze begleeden. Dëst zum Beispill mat dem éischten interparlamentaresche gemëschte Kommitee vum Europaparlament an der vietnamesescher Nationalversammlung, deen opgesat gouf op Dränge vun dësem Parlament.”
 
Weider Informatiounen an Aussoen, souwéi de Video zu der Ried fannt dir op Facebook an Twitter: 
 
 
 
 
 
Am Unhang fannt dir déi integral Texter vun deenen zwou Rieden déi de Christophe Hansen gëschter an der Plenière zu dësen Theme gehalen huet.
 
Bei Froen oder Interview Demandë kënnt dir eis einfach kontaktéieren op: christophe.hansen@europarl.europa.eu