Eng Enthalung beim Vote vun der Von der Leyen Kommissioun ass eng “Wischi-Waschi” Taktik ouni politesch Verantwortung

An deene leschte 7 Wochen hu mir Europadeputéierten déi 27 Kandidate fir de Poste vum EU-Kommissär op Häerz a Niere getest. Mir hunn déi Funktioun mat deem néidegen Eescht gemaach an esou goufen och 3 Kandidaten erausgefiltert déi de Fitness-Check net gepackt hunn. All Kandidat huet zu deem missen eng Zweedrëttel Majoritéit vun der Kommissioun kréien, virun där en auditionéiert gouf. Stellt iech…