Lëscht Woch hunn mir an der Plenarsëtzung vum Europaparlament iwwert déi ekonomescht a wirtschaftlech EU-Japan 🇪🇺🇯🇵Partnerschaft ofgestëmmt. Ech war de Spriecher vun der EVP an dowéinst war et u mir un der Resolutioun matzeschaffen an déi néideg Majoritéit dofir ze organiséieren. Em wat geet et hei?
✅ Et geet dorëms datt bis elo gréisste bilateralt Handelsofkommes ze schaffen, mat iwwer 640 Millioune Konsumenten .
✅ Eise Betriber ze hëllefen op de japanesche Marché ze kommen. Andeems iwwert eng Milliard un Importtaxe wäerten ewechfale ginn eis Betriber méi kompetitiv.
✅Bei de Beräicher déi am meeschte profitéiere wäerte kann een ënnert anerem ICT, Automobil Industrie a landwirtschaftlech Produkter zielen.
✅Et ass deen éischten Accord wou et en ganzt Kapitel iwwer Developpement durable geet, dat heescht zum Beispill dat Japan an EU sech explizit ausschwätze Paräisser Klimaziler ze erreechen.
✅ Dausenden néi Aarbechtsplaze kënnen duerch dësen Accord geschaaft ginn.