Ëmmer manner Lëtzebuerger schaffen an den EU-Institutiounen 🇪🇺 an dat ass keng gutt Saach fir Lëtzebuerg 🇱🇺. Dobäi ginn et flott an interessant Programmer, och fir déi Jonk. Ech informéieren iech haut zesumme mam Kief Albers a mam Steffi Buchler iwert zwee interessant Stage-Programmer an der EU-Kommissioun (Blue Book Traineeship) an dem Europäesche Parlament (Stage Schuman).

Wann dir och Interesse huet, Froen huet iwwert Stagen oder Schaffen an den europäeschen Institutiounen, zéckt net mer ze schreiwen.